
Wéi dacks an der Expo zu Clierf d’Grenzwäerter fir d’Temperatur an d’Loftfiichtegkeet iwwerschratt goufen, doriwwer sollten de Gilles Zeimet an den Eric Thill justement Erklärunge ginn. Ma dozou koum et dunn net méi.
De Gilles Zeimet hätt seng Demissioun aus fräie Stécker offréiert, esou den Eric Thill no der Reunioun.
"Dat war um eng Auer. Ech hunn déi als Kulturminister zur Kenntnis geholl. Eng Stonn drop sinn ech hei an d'Kulturkommissioun komm an do hunn ech den éischte Pouvoir doriwwer informéiert."
Fir de Franz Fayot war d'Annonce keng wierklech Surprise.
"Wat mech iwwerrascht, dat ass, wéi laang deem Spill do nogekuckt ginn ass, well mir kruten hei Saache gesot an der Kommissioun, an der Chamber, déi beschtefalls irreführend waren a schlëmmstefalls falsch waren."
Den 11. Mäerz hat de Gilles Zeimet der Chamber Duerchschnëttswäerter presentéiert, déi déi reell Situatioun an de Raim cachéiert hunn.
"Do, wou mer ëmmer erëm ganz lakonesch a ganz kuerz Äntwerte krute vum Direkter vum CNA, déi relativ wäit vun der Wourecht waren. An dofir fannen ech, dat eng logesch Konsequenz. Dobäi kommen natierlech nach all déi aner Problemer, déi et am CNA gouf, mat der Gouvernance, mat de Mobbingreprochen, déi am Raum stinn."
D'Djuna Bernard vun déi Gréng hëlt d'Demissioun positiv op:
"Ech mengen, dass et déi eenzeg richteg Entscheedung ass vue d'Ëmstänn an den Entwécklungen, déi sech jo awer och elo multiplizéiert hunn an deene leschte Méint. An deem Sënn kann ech dat nëmme begréissen. Dat ass déi richteg Decisioun. An et bitt och eng Chance hoffentlech, dass de CNA mat enger neier Gouvernance méi zur Rou kënnt."
Fir de Marc Baum hat d’Annonce vun e Mëttwoch bei allen CNA-Kontroversen aus de leschte Méint e laangen Otem:
"Et ware ganz vill Elementer an et si quasi am Wocherhythmus nei Saachen dobäi komm. Datt den Direkter demissionéiert huet, ass déi eenzeg logesch Konsequenz. Ech mengen och, datt dem Minister domadder ganz staark entgéintkomm ass, well eng weider Reunioun wéi déi, déi mer elo an der Vergaangenheet haten, wier wierklech insupportabel gewiescht. Dat wier net méi drobar gewiescht."
De Minister Eric Thill selwer huet an der Reunioun seng Ausso aus der RTL-Emissioun Background zréckgeholl, wou hien den 11. Abrëll gesot hat, d'Grenzwäerter an der "Family of Man" wiere just wärend "Minutten" iwwerschratt ginn.
"An ech hu jo och ganz oppen an transparent e Mea culpa gemaach hei grad an der Kommissioun, wou ech gesot hunn, dass ech mech do am Detail verfaangen hunn, dass et an deem Sënn net d'Minutte waren, mee iwwert e klenge geraumen Zäitraum eeben déi Wäerter iwwerschratt gi sinn. An dat ass dee Wording, dee mer och an der Kommissioun esou benotzt hunn, dee mer an der Question parlamentaire esou benotzt hunn."
An där besoter Question parlamentaire hat de Minister geschriwwen, datt et "keng dauerhaft Iwwerschreidung vun de konservatoresch relevante Grenzwäerter" gouf. Wat also den Eric Thill lo wollt amplaz vu "Minutte" soen, bleift onkloer. Op d'Fro, wat hien dann elo géing mengen, wéi laang et gewiescht wier, wäicht de Minister konsequent aus, mol esou:
"Mir wäerten elo e Monitoring maachen, wou mer kucken ob eventuell Schied un deene Wierker do entstane sinn. Oder net."
Mol esou:
"Mir kruten eng Analys elo vum Här Baum presentéiert. Déi krut ech de Mëtteg, just bevir ech an d'Chamber komm sinn. Déi wäert ech mer elo an aller Rou ukucken. Dat maachen ech elo net hei, wann ech live mat Iech hei, net live, mee elo hei virun Iech stinn. Dat wäerte mer elo iwwert déi nächst Deeg maachen. An da wäerte mer scho wëssen, souwuel am CNA wéi am Ministère, fir do déi néideg Schlëss draus ze zéien."
D'Donnéeë fir déi Analys krut de Marc Baum wuelverstane vum Ministère selwer. Si huet genee ewéi déi vun RTL e Mëttwoch an der Mëttesstonn an déi vum Tageblatt d'lescht Woch gewisen, datt d'Wäerter a verschiddene Raim wärend Deeg iwwerschratt goufen - kee klengen Zäitraum - ma d'Djuna Bernard ass awer zefridden:
"Et kënnt net all Dag vir, datt e Politiker sech entschëllegt, fir ee Feeler, deen e mécht. An dat ass eppes, wat ech ëm zu Gutts halen."
De Marc Baum ass e bësse méi streng:
"De Minister huet sech elo entschëllegt fir déi Aussoen, déi hien op RTL gemaach huet. Hien huet och besser dat ze maachen. Ech mengen, datt een dat nach eng Kéier kann duerchgoe loossen. Mee ech mengen, et ass och déi leschte Kéier."
An d'"Family of Man" soll elo e besseren Iwwerwaachungssystem kommen. Bis et en Nofollger oder eng Nofollgerin fir de Gilles Zeimet gëtt, soll de Comité d’accompagnement aus Beamten d’Leedung vum CNA administrativ iwwerhuelen. De Gilles Zeimet huet bei de Journalisten eng Stellungnam verdeele gelooss. Hien hätt seng Funktioun no beschtem Wëssen a Gewëssen ausgeüübt an esou och de Ministère an d’Chamber informéiert.
"An deene leschte Wochen ass de Fokus awer ëmmer méi op meng Persoun geréckelt. Dat erschwéiert eng roueg, sachlech an effikass Weiderféierung vun de Missioune vum CNA, dee sech nach ëmmer an enger wichteger an noutwenneger Ëmstrukturéierung befënnt."
Dowéinst hätt hie seng perséinlech Conclusioune gezunn, fir ze verhënneren, datt d'Institutioun weider belaascht géif ginn.
"Ech soe menger Ekipp Merci fir hir Professionalitéit an déi konstruktiv Zesummenaarbecht."