
Et gëtt Konsequenzen am CNA, dat well an der Ausstellung "The Family of Man" d'Grenzwäerter fir d'Temperaturen an d'Loftfiichtegkeet net agehale goufen, respektiv, wéinst den Aussoen do driwwer. Den Direkter vum Centre national de l’audivisuel huet nämlech demissionéiert. De Kulturminister Eric Thill sot e Mëttwoch de Mëtten an der Kulturkommissioun vun der Chamber: "Den Direkter Gilles Zeimet huet mer haut de Mëtteg an der Mëttesstonn seng Demissioun proposéiert. An déi ech och als Kulturminister elo de Mëtteg ugeholl hunn. Dat mat Effet immédiat."
An der Emissioun Background hat den Eric Thill den 11. Abrëll gesot, et wiere just "Minutte" gewiescht an deenen d'Grenzwäerter iwwerschratt gi waren. RTL hat e Mëttwoch an der Mëttesstonn d'Resultater vun enger Recherche publizéiert, déi gewisen huet, datt dat net wouer ass. De Kulturminister huet déi Ausso an der Kommissioun zeréckgeholl. Dat wier e Feeler gewiescht. Hien hätt sech op engem Detail geiert, esou den Eric Thill.
D'Recherche vun RTL weist allerdéngs, datt d'Grenzwäerter a verschiddene Raim deeglaang iwwerschratt goufen. An engem Raum waren et tëscht Juni a Mäerz ganzer 95 Deeg. Den Detail vun där Recherche fannt Dir an eisem Artikel: