"Et ass net einfach. Ech sinn nach ëmmer amgaangen, dat Erlieften ze verschaffen." Dëst ass déi éischt Reaktioun vun der Michaela Mazelo. D'Fra vun haut 51 Joer huet am Juli 2024 e schroe Busaccident am Pommerlach mat vill Gléck iwwerlieft. Den 12. Juli war et zu deem Accident komm, bei deem 14 Leit blesséiert gi waren.
"Am Kapp brauch et vill Zäit, fir ze verschaffen"
"D'Péng spieren ech nach haut. Soubal d'Wieder changéiert, hunn ech de Réck wéi." Dat Schlëmmst fir d'Madamm, déi zesumme mat hirem Mann zu Heischent lieft, sinn d'Biller, déi an hirem Kapp reegelméisseg zréckkommen. "Ech héieren dem Bëbee seng Stëmm nom Accident. Gott säi Dank ass him näischt geschitt. Wéinst dem Schock hat hie wuel gekrasch." D'Michaela Mazelo hat sech nom Accident direkt bei den Ambulancieren nom Gesondheetszoustand vum Puppelchen informéiert.
D'Michaela Mazelo schafft zanter ville Joren an engem Supermarché zu Angelduerf. Virum Busaccident huet si als Caissière geschafft. Elo geet dat net méi. Si kann net méi laang sëtzen. Duerch den Accident ass ee Wirbel gebrach an d'Fra huet véier Schrauwen an de Réck agesat kritt. Si schafft elo an der Receptioun vum Supermarché.
"Villes kann ech elo net méi maachen"
Um Stull laang sëtze klappt net méi. Bécke ka sech d'Michaela Mazelo och net méi. "Soss hunn ech mengem Mann gehollef, Blieder ze rafen. Dat kann ech mëttlerweil net méi. Och d' Bettmatrass an den Auto hu mir misse wiesselen. Soss hunn ech eis zwee Enkelkanner ëmmer um Réck gedroen. Dat ass zanter dem Summer 2024 och eriwwer." Wärend d'Michaela Mazelo mir dëst erzielt, spiert ee ganz vill Emotiounen an hirer Stemm.
Viru Kuerzem huet si och nees missen operéiert ginn. Dat war de 7. Abrëll am CHL. Den Neurolog Frank Hertel huet si mat den Nerven am rietse Been operéiert. Dat huet ëmmer gebrannt. Den Nerv huet missen opgemaach ginn.
Nom Accident koum d'Michaela Mazelo mat der Ambulanz fir d'éischt op Baaschtnech, duerno op Ettelbréck an d'Spidol. Schlussendlech gouf si am CHL operéiert vum Dokter Anas Dyab. Eng Woch blouf d'Michaela Mazelo an der Klinik. "Wann ee bedenkt, dass engem säi Liewe bannent Sekonne kann eriwwer sinn. Dat hannerléisst Spueren am Gediechtnes."
49 Joer hat déi gebierteg Rumänin, wéi den Accident am Pommerlach geschitt ass. "An deemools hätt nach kéinte méi geschéien. Wann de Bus net an de Camion gerannt wär, dann hätt et d'Mënschen um Parking erwëscht. Meng Gesondheet kréien ech net méi zréck." Bei där Ausso fänkt d'Michaela Mazelo mat schlécken un. "No der Operatioun louch ech 3 Méint am Bett. Fir dat ze verschaffen, ass net einfach. Am Ufank sinn ech all zwou Woche bei eng Psychologin vun der Associatioun Victimes de la Route gaangen."
Zanter 25 Joer ass d'Michaela Mazelo mat hirem Mann, dem Romain Pickard, bestuet.
Hëllef vun engem Mann kritt – "Ech wéilt gäre Merci soen"
Direkt nom Accident hat e Mann der Fra gehollef. "Hien huet mäi Genéck déi ganzen Zäit ugehalen. Ech hat gesot, ech hätt Réck wéi. Ech konnt awer net soen, vu wou de Wéi kéim. Vun uewen oder ënnen." D'Michaela Mazelo géif där Persoun nach gäre Merci soen.
5 Méint huet et gedauert, bis d'Michaela Mazelo nees an e Bus geklommen ass. Si ass op dat Verkéiersmëttel ugewisen, well si kee Führerschäin huet.
"Mäi Wirbel war an 100.000 Stécker"
"Nom Accident hunn ech mengem Mann ugeruff a gesot, hie misst an d'Pommerlach kommen. Et hätt en Accident mam Bus ginn. Gläichzäiteg hunn ech iwwerall d'Leit héiere jäizen an no Hëllef ruffen", sou d'Michaela Mazelo wärend eisem Gespréich. Zu Ettelbréck am Spidol ass d'Fra och op eng ganz sympathesch Doktesch gefall.
D'Michaela Mazelo ass virum Accident dacks mat hiren Enkelkanner mam Bus an d'Pommerlach akafe gefuer. Deen Dag war si eleng ënnerwee. Si ass frou, datt kee vun deenen zwee deen Dag mat am Bus souz. "Elo hunn déi zwee 11 a 6 Joer. Mir si reegelméisseg mam Bus do shoppe gefuer a mäi Mann ass eis duerno da mam Auto siche komm. Datt si deen Dag net mat mir am Bus souzen, sinn ech frou. Ech hätt mir ni verzéie kënnen, wann hinnen eppes geschitt wär".
D'Busentreprise hätt sech nach ni beim Michaela Mazelo gemellt, fir sech z'entschëllegen oder mol nozefroen, wéi et hir nom Accident goe géif.
Op Nofro beim Parquet krut RTL matgedeelt, datt d'Instruktioun zum Accident am Pommerlach nach amgaangen ass.
Den Temoignage vun der Michaela Mazelo nom Accident viru bal zwee Joer: