Éischten Erkenntnisser no ass den däitsche Konzern Affer vun engem Erpressungsversuch ginn. D’Erpresser sollen am Ganze sechs Bräigliesercher mat Rategëft kontaminéiert hunn. Betraff wiere Produiten aus Éisträich, Tschechien an der Slowakei.
No grousse Réckruffaktioune goufe bis ewell fënnef manipuléiert Glieser saiséiert. Eent feelt also nach. Däitschland an och de Grand-Duché si verschount bliwwen. D'Autoritéite roden awer zu enger gewësser Virsiicht.
Un e puer Charakteristike kéint een déi manipuléiert Dëppercher erkennen, erkläert d’Claude Scholtes vun der Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) am RTL-Interview. Virop géing ënnert de manipuléierte Gliesercher ee wäissen Autocollant mat engem roude Krees pechen. Den Deckel wier entweeder schonn op oder beschiedegt. Doduerch wier dann dat typescht Klicken oder Knacken net méi do, wann een d'Glas fir d’éischte Kéier opmécht. Ee weideren Indice wier en ongewéinleche Geroch. Zeien no géing de Bräi e bësse verduerwe richen.
Bei Onreegelméissegkeete soll een d'Glieser net opmaachen an op kee Fall engem Puppelchen oder klenge Kand ginn. Wann Elteren oder Kannerbetreier e Verdacht hunn, datt eppes mat engem Produit net stëmmt, da solle se dat bei der Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung mellen.
Aktuell schéngt just de Puppelchersbräi mat Muerten a Grompere betraff ze sinn, an eeben och just vereenzelt Gliesercher an Éisträich, Tschechien an der Slowakei, wéi och de Produzent HiPP selwer nach eng Kéier op senger Websäit präziséiert. Am Grand-Duché ginn deemno keng Produiten zréckgeruff. Et géing och aktuell an den Ermëttlungen näischt drop hindeiten, datt Produiten um Lëtzebuerger Marché betraff wieren, verséchert d’Claude Scholtes.
Sollt dat sech änneren, da gëtt d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung direkt iwwert en europäeschen Alarmsystem informéiert. An dee Moment géing och eng Alerte vun der ALVA un d’Konsumenten erausgoen. Dat iwwer verschidde Kanäl : Um Portal, op deem all d’Rappelle publizéiert ginn, iwwert eng Newsletter, déi een abonéiere kann, iwwer den LU-Alert an iwwer ee Pressecommuniqué.