Samu am AsazKand zu Beetebuerg vun Auto ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufen en Donneschdeg de Mëtteg ënnert anerem op zwee Accidenter geruff. An engem Fall war e Kand vun engem Auto ugestouss ginn.
© Laurent Weber

Wéi de CGDIS a sengem Bulletin schreift, hat et kuerz no 13 Auer zu Ierpeldeng-Sauer an der Rue du Viaduc tëscht zwee Autoe gerabbelt. Hei blouf et beim Materialschued an d'Pompjeeë vun Angelduerf, souwéi eng Ambulanz vum Zenter Nordstad waren op der Plaz.

Zu Beetebuerg an der Rue Marie-Therèse ass iwwerdeem géint 14:40 Auer e Kand vun engem Auto ugestouss ginn. Dat blesséiert Kand gouf vum Samu-Noutdokter aus der Stad an den Ambulanciere vu Keel versuergt. Donieft waren d'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an aus der Stad um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO