Avisen zu 2 Gesetzesprojeten an der ImmigratiounAsti fuerdert exzeptionell Regulariséierung vu Leit ouni Pabeieren

Fanny Kinsch
D'Regierung soll d'Situatioun regulariséiere vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, awer keng Pobeieren hunn, fuerdert d'Asti.
© RTL

D'Associatioun huet um Donneschdeg de Moien hiren Avis zu 2 Gesetzprojeten am Beräich vun der Immigratioun virgestallt. Et geet ëm d'Ëmsetze vum europäesche Migratiounspakt an d'Reform vum Gesetz iwwert d'libre Circulation vun de Leit. Deen zweeten Text gëtt a groussen Deeler begréisst. Et wier allerdéngs verpasst ginn, eng Häertefällkommissioun ze grënnen, obwuel dat am Koalitiounsaccord virgesinn ass. D'Notioun vun der "Charge pour le système social" wier och ëmmer nach net kloer definéiert, esou den Asti-Direkter Sérgio Ferreira. D’Regierung géing sech am Kader vun der Lutte géint d’Aarmut froen, firwat Leit, déi Hëllefen ze gutt hunn, se net ufroen. Hei géing ee gesinn, dass verschidde Leit zécken, fir Sozialhëllefen unzefroen, well si fäerten, dass hinnen dowéinst méi spéit géing reprochéiert ginn, dass si eng Charge fir de Sozialsystem sinn, wann et drëms geet, ob si hiren Openthalt verlängere kënnen.

An hirem Avis zum Asyl- a Migratiounspakt konzentréiert sech d'Asti op de Volet vun de Migranten an net de Flüchtlingen. Problemer gesäit d'Asti beim Centre de filtrage. Leit, déi hir Donnéeën net wéilte ginn, géingen direkt an de Centre de rétention kommen - dat géing ze wäit goen. Och bei de Fouillë géing de Gesetzesprojet ze wäit goen, esou de Sérgio Ferreira.

“D’Police däerf, wann d’Gesetz gestëmmt wär, eng Fouille vun de Persoune selwer oder vun hire Bagagë systematesch maachen, ouni datt do eng Suspicion ass par rapport vun enger Sécherheetsgefor.”

Kloer wier, datt d'Konditioune fir Leit an enger irregulärer Situatioun verschäerft ginn. D'Asti fuerdert d'Regierung dofir dozou op, de Leit déi haut hei am Land liewen a schaffen, eemoleg d'Méiglechkeet ze ginn, hir Situatioun ze regulariséieren, iert d'Gesetzer a Kraaft trieden. Et wier mëttlerweil 13 Joer hier, datt et fir d'lescht d'Méiglechkeet fir eng exzeptionell Regulariséierung gouf, huet den Asti-Direkter Sérgio Ferreira ënnerstrach, deemools och iert eng europäesch Direktiv a Kraaft getrueden ass.

“D’Regierung hat do gemaach eng Amnestie fir de Patron, fir ze soen et kommen nei Sanktiounen, mir mussen hinnen d’Méiglechkeet ginn, fir d'Situatioun ze regulariséieren. Haut si mir genau an der nämmlechter Situatioun, mee hei ass keng Sanktioun géint d’Employeuren, et ass d'Sanktioun fir de Mënsch. An an eisen Aen, de Mënsch brauch och eng Opportunitéit, vue datt do eng strikt Applikatioun vun dem europäesche Gesetz, vue datt do nei Sanktioune kommen, datt eng méi reegelméisseg Kontrollpolitik gemaach gëtt, et ass och de Moment, fir deenen dote Leit ze soen, deem dote Mënsch ze soen, dir sidd schonn hei, dir sidd schonn aktiv an der Gesellschaft, mir ginn Iech eng Opportunitéit, fir Iech ze regulariséieren.”

Et géing hei ëm e puer Honnert Leit goen, déi aktuell ouni Rechter, ouni Schutz an ouni Perspektive wieren, ënnersträicht d'Asti-Verwaltungsrotspresidentin Claire Geier. An deene meeschte Fäll wieren d'Leit net vun Ufank un an enger irregulärer Situatioun.

“Si kommen hei an d’Land mat enger Situatioun, déi total régulière ass, ouni Problem a si hu plëtzlech eng Rupture de parcours. Dat heescht, dat ka sinn aus verschiddene Grënn, si kënnen net méi an der regulärer Situatioun sinn, an ils tombent dans l'irregularité. Dat war net geplangt.”

Et wier aus mënschlecher Siicht richteg, de Leit ze hëllefen. Et géing och dem Staat ze gutt kommen, well déi Leit da kotiséieren a Steiere bezuelen. An och d'Employeure géinge profitéieren, well Betriber, déi Leit ouni Pobeieren beschäftegen, en onfairen Avantage hunn. Duerch eng exzeptionell Regulariséierung géingen net méi Leit an e Land kommen, dat hätten Etudë gewisen.

2022 hat d’Asti schonn ee mol eng Regulariséierung gefuerdert an eng Brochür iwwert d’Situatioun vun de Leit ouni Pobeiere virgestallt.

Back to Top
CIM LOGO