"Degueulasse", "Fir ze katzen", "Ëmweltverschmotzung" a "Mir ginn ëmmer méi blöd". Dat si just e puer vun de Commentairen, déi een ënnert dem Facebook-Post vun der Gemeng Nidderaanwen ka liesen. Annoncéiert gouf do einfach e klengt Stéck Vëloswee a Reebou-Faarwen. Mat dem Ausmooss u Reaktiounen hat een net gerechent, sou de Buergermeeschter Fred Ternes:
"Bei de Commentairë waren och eng ganz Rei Negativer, zum Deel och Homophober. Et kann ee schonn, mengen ech, vun engem klenge Shitstorm do schwätzen. Ech muss awer soen, gläichzäiteg och, an dat gesäit een dann un de Likes, ganz vill Positiver. Och ganz vill positive Retour, dee mir kritt hunn als Gemeng. Mee t'ass natierlech ëmmer sou, dass déi negativ Commentairë méi virulent sinn a méi eriwwerkommen an dass déi Leit sech och méi expriméieren an déi aner bëssi méi roueg sinn."
Iwwer 440 Commentairë goufen ënnert dem Post gemaach. De Buergermeeschter huet sech se ALL ugekuckt:
"99 Prozent si vu Leit, déi net aus der Gemeng sinn, déi deelweis vun engem gudde Stéck méi weit ewech sinn. Dat schéngt duerch déi sozial Netzwierker a verschiddene Kreesser zirkuléiert ze hunn an do verschidden Emotiounen ervirgeruff ze hunn."
Mëttlerweil ass dat klengt Stéck Reebou, wat bei der Schoul a beim Altersheem läit, och schonn Affer vu Vandalismus ginn.
"T'ass ee männlecht Geschlechtsdeel drop gemoolt ginn. Et gesäit een et net ganz gutt, mee t'ass schonn drop gemaach ginn. Fir de Rescht sinn tatsächlech Trottinetten a Vëlosspueren, wou ee versicht huet, Bremsspueren drop ze maachen. Op d'mannst géint d'Symbol hu mer awer eng Plainte deposéiert als Gemeng an duerno maache mir dat ewech. Mir hu genuch Faarf, fir dat do oft genuch z'iwwermolen. An allkéiers wann eppes gemaach gëtt, wou wierklech een Akt vu Vandalismus ass, da wäerte mer kloer bei der Police eng Plainte dofir maachen. [...] Den Reebou bleift sou laang, wéi ech do sinn."
Fir den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg sinn esou Reaktiounen am Netz näischt Neies.
"Natierlech frustréiert et och ëmmer nees, dass een dann an de soziale Medien esou negativ Commentairë gesäit, well een denkt, et wier een eigentlech am Joer 2026 vill méi weit. [...] Dat Geféierlechst wat ee maache kann, ass esou Commentairen einfach stoen ze loossen. Dofir rode mir ëmmer u 'Counterspeech' ze maachen, grad do wou et ëm Hatespeech geet. Do versicht een da mat Fakten dogéint ze argumentéieren an do stellt een da ganz séier fest, dass vun där anerer Säit net méi vill kënnt."
A genee dat huet Nidderaanwen och gemaach. Si hunn decidéiert, net alles ze läschen oder onkommentéiert stoen ze loossen, mee si hunn e Statement als Gemeng uewen als éischte Commentaire ugespéngelt, wou si sech däitlech vun deenen negativen Aussoen distanzéieren, erkläert de Buergermeeschter Fred Ternes.
De Reebou-Wee zu Nidderaanwen ier e vandaliséiert gouf:
D'Gemeng Nidderaanwen ass net déi eenzeg, déi rezent esou Commentairen akasséiert huet. Och d'Stad Lëtzebuerg huet bei der Annonce, dass d'Pride zeréck an d'Stad kënnt, ganz vill ellen Aussoe musse liesen. De Stater Schäffe Maurice Bauer war erféiert iwwer d'Commentairen:
"Et kann net sinn, dass mir an enger Welt liewen, wou manner wéi 1.000 Kilometer vun hei ewech Leit wéinst hirer sexueller Orientatioun persekutéiert ginn. An dass mir dann hei och Haass-Commentairë respektiv deplacéiert Commentairë musse liesen. Ech mengen all Mënsch soll sou kommentéieren, wéi e Loscht huet, mee et muss een awer de respektvollen Ëmgang tëscht de Leit assuréieren."
A genee dofir wier et absolut noutwenneg, dass ee weiderhin Zeeche setzt, fir géigesäitege Respekt a Solidaritéit. Den Andy Maar seet de Gemengen, déi sou Zeeche setzen, ee grousse Merci. Et wier net just wichteg fir d'Visibilitéit vun der "queer Community an LGBTIQ+-Persounen", mee géing och Leit hëllefen, déi nach an der Selbstfindungs-Phas wieren a sech net géingen trauen, sech ze outen, aus Angscht virun Ausschloss. "Doduerch gesi si, dass d'Gemengen, d'Administratioun an d'Gesellschaft do sinn a si akzeptéieren an dofir ass et wichteg, dass et dat gëtt," sou den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg.