
Am Lokale mellt de CGDIS en Auto, dee sech en Dënschdeg den Owend géint 21 Auer tëscht der Zowaasch an Nidderkuer iwwerschloen huet. Zwou Persoune goufe blesséiert.
De Samu vun Esch war niewent de lokale Secouristen op der Plaz. An der Bretelle vun der Areler Autobunn, eriwwer op d’A4 ass géint 21.30 Auer dann en Auto an d’Leitplanken gaangen. Och do gouf et ee Blesséierten.