
Am Lokale koum et zu dräi Accidenter vun e Samschdeg op e Sonndeg: Ugefaange mat engem Auto, dee sech zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss géint 20.30 Auer e Samschdeg den Owend iwwerschloen huet. Eng Persoun gouf blesséiert, de SAMU vun Esch war op der Plaz. Wéi d’Police um Sonndeg de Mëtteg präziséiert, huet de Chauffer vum Auto aus net gekläerter Ursaach d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass an zwee geparkten Autoe gerannt an huet sech iwwerschloen. Den Alkoholtest war positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.
Ee méi uergen Accident gouf et dann kuerz drop tëscht Nidderkäerjeng a Kënzeg: Een Auto ass an ee Bam gerannt. Et gouf 4 Blesséierter, ënnert anerem war de SAMU aus der Stad am Asaz.
Ee Motocyclist ass um kuerz no Hallefnuecht zu Esch gefall a gouf blesséiert.