
A béid Richtunge sinn e Mëttwoch den Owend tëscht der Stad an Tréier plazeweis d’Zich ausgefall, well d’Streck zu Rued-Sir blockéiert ass. D’CFL schreiwe weider op hirem Site, datt Ersatzbusser a béid Richtungen tëscht Wecker en Éiter agesat ginn. Dës bleiwen zu Wecker, Betzder, Rued-Sir, Mënsbech an Éiter stoen.
Wéi d’Police dann op Nofro vun RTL confirméiert huet, ass en Auto um Iwwergang zu Rued-Sir op de Schinne stieche bliwwen. D’Beamte géifen zesumme mam Automobilist op der Plaz kucken, wéi een d’Gefier am séierste vun de Schinnen erofkritt, fir datt den Zuchtrafic nees kéint opgeholl ginn.