4 Joer Krich an der Ukrain an d’Diskussioun, ob ukrainesch Männer sollen oder dierfe Schutz an Europa ufroen, wa se dach solle fir hiert Land kämpfen. Ënnert anerem doriwwer schwätze mir en Donneschdeg de Moie mam Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel. Hien ass eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir schwätzen awer och iwwer de Lëtzebuerger Pass a firwat en an den USA oder a Brasilien sou beléift ass, wann ee Lëtzebuerger Virfare konnt opweisen. Wat huet dat fir Konsequenzen? A wat bréngt et eisem Land?
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.