An der Serie "Eng Fro. Eng Äntwert." si mer dës Kéier der Fro nogaangen, wei ee sech op dës Zäit soll astellen.
Mir hu mam däitschen Astronaut Matthias Maurer doriwwer geschwat. An der der Ausbildung léieren Astronaute, wéi een op enkem Raum zesummelieft. Fir Konflikter op e Minimum ze reduzéieren, wier et wichteg, mateneen ze schwätzen an esou Probleemer ze vermeiden, éier se entstinn.
Wichteg wier et och, fir e gereegelten Dagesoflaf ze hunn a sech och iwwert den Dag konkret Saache virzehuelen. Vläicht huet een och emol elo an dëser schwiereger Zäit d' Geleeënheet eppes ze maache fir eppes, fir dat ee scho laang keng Zäit méi hat. Fir de Matthias Maurer wier et wichteg, elo zesummen ze halen, da géif een dës Situatioun gemeinsam meeschteren.
