Schätzungen no e puer honnert Leit betraffAsti fuerdert eng exzeptionell Regulariséierung vu Leit ouni Pabeieren

Fanny Kinsch
D'Regierung soll der Asti no eng exzeptionell Regulariséierung fir Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen a wunnen, awer keng Pabeieren hunn, aféieren.
Eng Grupp vu Leit ënnerwee an enger Stad.
Eng Grupp vu Leit ënnerwee an enger Stad.
© astrakanimages on Envato

D'Regierung soll d'Situatioun regulariséiere vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, awer keng Pabeieren hunn. Dat fuerdert d'Asti en vue vun zwee Gesetzesprojeten, déi aktuell um Instanzewee sinn. Iert d'Konditioune fir Leit an enger irregulärer Situatioun verschäerft ginn, sollen déi Leit, déi schonn hei sinn, exzeptionell d'Méiglechkeet kréien, hir Situatioun ze regulariséieren.

Et wier mëttlerweil 13 Joer hir, datt et fir d'lescht d'Méiglechkeet fir eng exzeptionell Regulariséierung gouf, huet den Asti-Direkter Sérgio Ferreira ënnerstrach, deemools och iert eng europäesch Direktiv a Kraaft getrueden ass.

Extrait Sérgio Ferreira

“D'Regierung hat do eng Amnestie fir de Patron gemaach, fir ze soen, et kommen nei Sanktiounen, mir mussen hinnen d'Méiglechkeet ginn, fir d'Situatioun ze regulariséieren. Haut si mir genau an der nämmlechter Situatioun, mä hei ass keng Sanktioun géint den Employeuren, et ass d'Sanktioun fir de Mënsch. An an eisen Aen, de Mënsch brauch och eng Opportunitéit, vue datt do eng strikt Applikatioun vun dem europäesche Gesetz, vue datt do nei Sanktioune kommen, datt eng méi reegelméisseg Kontrollpolitik gemaach geet. Et ass och de Moment, fir deenen dote Leit ze soen, deem dote Mënsch ze soen, dir sidd schonn hei, dirsidd schonn aktiv an der Gesellschaft, mir ginn Iech eng Opportunitéit, fir Iech ze regulariséieren."

2013 hätten iwwer 600 Leit d'Prozedur entaméiert, 540 hunn d'Krittären och erfëllt a konnten hir Situatioun regulariséieren. Bei der Asti geet een dovunner aus, datt aktuell och e puer Honnert Leit an enger irregulärer Situatioun zu Lëtzebuerg liewen.

Back to Top
CIM LOGO