
D'Police huet dësen Donneschdeg hire Joresrapport virgestallt: D'Zuele vu Bedruchsfäll, Vandalismus an Abréch an onbewunnten Haiser sinn erof gaangen. Och ginn d'Beamte manner am Asaz beleidegt, dat géif ee sech duerch den Asaz vun de Body-Kameraen, déi jo eréischt zanter dem leschte Joer benotzt ginn, erklären. Konkret goufen et 13% manner Bedruchsfäll, wat och géing weisen datt d'Sensibiliséierungscampagnen hir Friichte droen.
Op der anerer Säit sinn d'Zuele besonnesch bei den Iwwerfäll geklommen: Méi genee gouf et 30% méi Iwwerfäll mat Gewalt, och d'Fäll vun haislecher Gewalt sinn ëm 10% an d'Luucht gaangen.
Bei der Presentatioun vum Joresrapport huet den CSV Innen-a Police-Minister Léon Gloden dann nach e Mol ënnerstrach, datt de renforcéierte Platzverweis "esou sécher wéi d'Amen am Gebiet" géif ëmgesat ginn.