Fra zu Esch festgehollPolice huet europäeschen Haftbefeel ausgefouert

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police eng gréisser Kontroll a Bistroen am Süden, zwee Abréch an en alkoholiséierten Automobilist.
© Laurent Weber

Zu Esch an der Rue de Tramway konnt eng Policepatrull e Mëttwoch den Owend en europäesche Mandat d'arrêt ausféieren, wéi si eng gesicht Fra ugetraff a festgeholl hunn. De Parquet gouf informéiert an d'Fra koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Da waren d'Beamten e Mëttwoch am Nomëtte mat engem Drogenhond a méi Bistroen zu Déifferdeng, Péiteng a Rodange am Asaz. Si hunn awer net just d'Bestëmmunge vum Concessiounsgesetz an de Lokaler kontrolléiert, ma och gouf bei de Leit, déi an de Bistroe waren, eng Kontroll gemaach. Dobäi krute véier Leit eng Verwarnung, well si maximal dräi Gramm Cannabis bei sech haten. Dräi Persounen hate méi dobäi, dowéinst e Protokoll ausgestallt huet misste ginn.

Da gouf et e Mëttwoch nach zwee Abréch, bei deenen d'Awunner all Kéier d'Abriecher iwwerrascht hunn. Dat war eng Kéier zu Eech an eng Kéier zu Helsem. Trotz enger direkt ageleeter Sichaktioun konnte d'Täter awer net gestallt ginn.

Zeréck zu Déifferdeng. Hei war de Beamte um zwou Auer en Donneschdeg de Moien en Auto opgefall, deen um Trottoire stoung a bei deem de Motor gelaf ass. Wéi d'Poliziste bei den Auto koumen, ass hinnen opgefall, datt de Chauffer wuel däitlech ze vill gedronk huet. Nom Alkoholtest, dee positiv ausgefall ass, gouf e provisoresche Fuerverbuet géint de Mann ausgestallt. De Parquet gouf dann och informéiert an huet den Auto saiséiere gelooss.

Back to Top
CIM LOGO