
Tëscht dem 14. an 30. Abrëll sinn d'Lyriden aktiv, hiren Héichpunkt erreeche si an der Nuecht vum 22. op den 23. Abrëll. Op den Himmel kucke sollt een do an eise Géigenden ongeféier vun 21:30 Auer MESZ un, woubäi sech de Maximum iwwer e puer Stonnen zéie kann.
Ënner ideale Konditioune kann ee bis zu 11 Stäreschnäize pro Stonn gesinn. Dat Besonnescht dëst Joer: An der Nuecht vum 22. op den 23. Abrëll war de Mound am éischte Véierel vu senger Phas, an där en zouhëlt an ass deemno nëmmen deels beliicht. Esou stéiert dësen d'Siicht vergläichsweis wéineg. Wien also eng däischter Plaz fonnt huet, hat gutt Chancen op e beandrockenden Nuetshimmel.
Am beschten ze gesinn, waren d'Lyriden de Prognosen no géint 21:40 Auer MESZ an tëscht 2 a 4:30 Auer moies, wann de Mound ënnergaangen ass. Besonnesch wichteg fir eng gutt Vue ass natierlech eng däischter Plaz mat fräiem Bléck op den Himmel, ouni Haiser oder Beem, also: raus aus der Stad, wat méi däischter, wat besser. Klengen Tipp: D'Ae brauchen eng 20 bis 30 Minutten, fir sech un d'Däischtert ze gewinnen.
D'Lyride gehéieren zwar net zu de spektakuläerste Meteorschauere wéi d'Perseiden am August. Ma grad dat mécht hire Charme aus.
Foto-Opruff

Falls Dir Fotoe vun de Stäreschnäize gemaach hutt, kënnt Dir eis déi op red@rtl.lu schécken. Am Laf vun en Donneschdeg publizéiere mir eng Galerie mat Äre Fotoen.