
No 24 Joer un der Spëtzt vum Verwaltungsrot wäert de Pit Hentgen e Freideg an der Generalversammlung vum 1920 gegrënnte Lëtzebuerger Assurancë-Grupp d'Geschécker un de François Pauly ofginn. Deen ass zanter 14 Joer scho President vum Conseil vun der Finanz-Entreprise "La Luxembourgeoise" am Grupp a wäert en Dënschdeg och de Posten als neie President vun der Vatikanbank iwwerhuelen.