Kerosin den Ament ze deierLufthansa sträicht Dausende vu Volle wéinst héije Brennstoffpräisser

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Fluchgesellschaft huet ugekënnegt, eng 20.000 Kuerzstrecke-Flich am Summer ze sträichen. De Grond dofir sinn d'Präisser fir de Brennstoff, déi vill Verbindungen net méi rentabel maachen.
© KIRILL KUDRYAVTSEV/AFP

D'Präisser fir Kerosin hu sech bal verduebelt zënter dem Konflikt am Noen Osten, besonnesch ronderëm d'Hormus-Strooss, wou wichteg Liwwerweeër gestéiert sinn. Europa bezitt ongeféier d'Hallschent vu sengem Fligerbrennstoff aus dëser Regioun.

Och aner Fluchgesellschaften hu reagéiert: Air France-KLM an Delta Air Lines hunn hir Offer reduzéiert oder Ticketspräisser erhéicht. Experte warnen, datt Reesender sech op nach méi deier Ticketen an zousätzlech Ausfäll mussen astellen.

D'International Energy Agency huet souguer gewarnt, datt et Europa a kuerzer Zäit u Fligerbrennstoff kéint feelen, och wann d'Fluchgesellschaften aktuell nach keng grouss Problemer an der Versuergung gesinn.

Trotz de Kierzungen ënnersträicht Lufthansa, datt Laangstrecke-Verbindunge weiderhi bestoe bleiwen an datt d’Mesuren dozou déngen, méi effizient ze schaffen a Brennstoff ze spueren.

Back to Top
CIM LOGO