
Wien den Direkteschposte bei der Spuerkeess iwwerhuele wäert, gëtt warscheinlech eréischt no der Summervakanz am September bekannt. Wéi de President vum Verwaltungsrot op der Bilanspressekonferenz 2025 betount huet, hätte vill interessant a qualitativ héichwäerteg Profiller hir Kandidatur agereecht. Doriwwer wier ee frou. Fir den Entscheedungsprozess wéilt ee sech awer déi néideg Zäit loossen, fir déi richteg Persoun ze fannen, déi d'Françoise Thoma ersetze soll.
An engem turbulenten internationalen Ëmfeld mat Repercussiounen och op Lëtzebuerg huet d'Spuerkeess nees gutt Resultater gemaach. D'Bank huet virun den Depensë ronn 1,24 Milliarden Euro gemaach, eng liicht Hausse par rapport zu 2024.
Trotz méi héijen Depensen, notamment fir Personal an Investissementer, konnt d'Spuerkeess no Steieren en Netto-Benefiss vu ronn 530 Milliounen Euro schreiwen. E Resultat, op dat een houfreg wier, esou d'Generaldirektesch Françoise Thoma. Dobäi misst een awer berécksiichtegen, datt d'Bank zejoert manner zousätzlech Provisiounen huet misse garantéieren.
D'Clientë vun der Spuerkeess investéieren nees méi an de Logement. Am Joer 2025 goufe 5.500 nei Prête fir Wunnengen accordéiert, déi meescht dovu fir bestoend Immobilien. Nei Projeten hunn et awer nach ëmmer méi schwéier.
Zu méiglechen Zënshaussë wéinst der aktueller internationaler Kris wollten déi Responsabel vun der Spuerkeess sech net konkret äusseren. Eng Hausse vun de Leetzënse kéint awer net ausgeschloss ginn.
De Marché wier aktuell ganz volatil. De Chef vum Commercial, Romain Wehles, huet dofir recommandéiert, datt Clienten eventuell ganz oder deels op fix Zënssätz setzen.
