
Dat huet d'Dr. Françoise Berthet, Directrice adjointe vun der Santé, RTL vis-a-vis confirméiert.
Den Appell un d'Apdikten, vulnerabel Leit ze favoriséieren, wier ze spéit komm. Mä Enn der Woch, respektiv ugangs d'nächst Woch gi 24.000 nei Impfdosissen erwaart. Och Mëtt Dezember kommen nach emol 30.000 Vaccinen, plus eng 5.000.
D'Santé war sech bewosst, datt d'Demande dëst Joer méi grouss ass, dowéinst sinn och 20% méi Vaccine bestallt ginn. Mä d'Nofro war nach méi staark wéi dat.
Elo kann een näischt méi nobestellen an a ganz Europa gëtt et de Problem, datt d'Demande méi grouss ass wéi d'Offer.
Just déi vulnerabel Leit solle sech impfe loossen, dat heescht Leit iwwer 65 Joer, schwanger Fraen, chronesch Kranker, Leit an Altersheemer oder medezinescht Personal.
Et kann ee sech beim Apdikter op eng Waardelëscht setze loossen. Déi 30.000 zousätzlech Impfdosen, déi Mëtt Dezember kommen, wäert d'Santé verdeelen.
D'lescht Woch hat den Apdikter-Syndikat schonns matgedeelt, datt d'Grippeimpfunge géinge knapp ginn.