
D’lescht Woch war déi Offer schonn ugelaf a soll vun dësem Méindeg un da komplett spillen, hat d'Santé wësse gedoen.
D'Resultat soll da bannent enger hallwer Stonn virleien, an da kritt een e Certificat, deen ee brauch fir verschidden Aktivitéiten, beispillsweis an e Restaurant ze goen.
D‘Tester sinn net gratis a Leit mat Symptomer sollen och net op déi Offer zeréckgräifen.
Eng Lëscht vun den 63 Apdikten, déi matmaachen, fënnt een op pharmacie.lu.