Dës Kéier kucke mer op den DigiRallye, deen de Kanner an der Fuesvakanz gewisen huet, wéi ee sécher duerch déi digital Welt geet. An da war de léiwe klengen Af, de Punch, mat sengem Petzi an den Noriichten, an deem seng Geschicht erziele mir. A mir ginn eriwwer a Griichenland fir d’Fuesent, well do gëtt et nämlech eng ganz speziell Traditioun: e Miel-Krich.
Am Reportage duerno geet et ëm Lëtzebuerger Traditiounen, fir der Fuesent an dem Wanter Äddi ze soen. Natierlech schwätze mir do vum Buergbrennen, awer och vum Stréimännche vu Réimech an dem sougenannten “Hexbrennen” vu Sëll. Wat et mat dësen Traditiounen op sech huet, a wéi dat alles ausgesäit, erkläre mir dës Woch.
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder Sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Wat sinn d’Kannaniuuss?
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
Kannaniuuss
KannaTivi
Eis Stëmmen