Zwee Abriecher op der FluchtKeng aktiv Sich méi am Raum Leideleng, weider Ermëttlunge lancéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat e Méindeg de Mëtteg am Raum Leideleng no zwee Abriecher gesicht. Am Nomëtteg war déi aktiv Sich eriwwer an et goufe weider Ermëttlungen ageleet.
© RTL Grafik

Wéi d’Police mellt, koum et géint 12.50 Auer zu Leideleng zu engem Abroch an en Eefamilljenhaus, bei deem et den zwee Abriecher gelongen ass, sech duerch d’Bascht ze maachen. Eng Sich no de presuméierten Täter wier awer negativ verlaf, wéi d’Police am Laf vun e Méindeg de Mëtteg matgedeelt huet.

Weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO