Méi héich Infektiounszuele féieren zu méi Covid-Patienten a gläichzäiteg manner Personal. Stand en Dënschdeg de Mëtteg louche 46 Persoune wéinst Covid-Symptomer zu Esch am Spidol, 5 dovun op der Intensivstatioun.
Am Verglach, leschte Freideg ware just 7 Leit wéinst dem Coronavirus am CHEM hospitaliséiert. Och beim Personal ginn et ëmmer méi Infizéierter. Aktuell feele knapp 70 Mataarbechter, dorënner ronn 40 Soignanten.
Well een am CHEM an den nächsten 10 Deeg mat ville weidere Covid-Patiente rechent, gouf zum Deel schonn ëmstrukturéiert. Fir op de Stäck Better fräizekréien, gouf déi ambulant Chirurgie an d‘Cafeteria verluecht. An der Haaptentrée vum Spidol kritt iwwerdeems jidderee via Wärmekamera d'Féiwer gemooss an an der Urgence ginn d‘Patienten nees an zwou Filièren opgedeelt, eng rout fir Covid-Positiver a Verdachtsfäll, an eng gréng fir déi aner Leit.
Déi Responsabel am CHEM maache sech eescht Suergen iwert déi nächst Zukunft, wëssend, dass een d’Konsequenze vun den Infektiounszuelen ëmmer eréischt e puer Deeg méi spéit am Spidol gesäit. Et dierft een och net vergiessen, dass och Frontaliere mat hei zu Lëtzebuerg géife getest ginn an och déi géifen zum Deel an de Lëtzebuerger Klinicke versuergt ginn. Et wier elo wichteg, déi aktuell Tendenz vun héijen Infekiounszuelen ze stoppen. Am anere Fall bestéing de Risiko, dass et entweder géif enk gi mat de Spidolsbetter oder awer de Personalmanktem kéint zu engem eeschte Problem ginn.
