Am Asaz fir ons allAlldagshelden: Schaffen trotz Virus

Ben Andrews
Dass d'Aarbecht vun den Dokteren an d'Fleegepersonal grad den Ament nach méi wichteg ass, deem ass sech wuel am Moment jidderee bewosst.
Alldagshelden: Schaffen trotz Virus
Dass d'Aarbecht vun den Dokteren an d'Fleegepersonal grad den Ament nach méi wichteg ass, deem ass sech wuel am Moment jidderee bewosst.

Ma si sinn net déi eenzeg, déi den Ament all Dag op d’Aarbecht ginn, fir eng gewëssen Normalitéit an dësen anormalen Zäiten ze garantéieren. Si schaffe méi am Hannergrond a sinn och d’Helde vun dëser Kris.

Mir hunn der e puer vun hinne besicht. Vum Buschauffer iwwert Mataarbechter beim Service Hygiène oder och dem Personal am Supermarché, si all maachen den Ament hiert Bescht a sinn all Dag fir ons weiderhin am Asaz.

Een Asaz, deen dofir endlech déi Unerkennung kritt, déi en och verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO