
Zwee Patienten an ee Mataarbechter ware positiv getest ginn. Duerno goufen all Interventiounen an der Orthopedie fir dës Woch ofgesot an et ginn den Ament keng nei Patienten an der Unitéit 5A ugeholl.
All aner 22 Patienten, bei deenen e Covid-Test duerchgefouert gouf, waren negativ.
D'Leit, déi fit genuch sinn, fir heem ze goen, konnten och heem goen. Si solle just weider an Autoisolatioun bleiwen, wéi eis de Spidolsdirekter Claude Schummer sot.
Patienten, déi op Soinen ugewise sinn, ginn awer weider am Spidol versuergt. Déi concernéiert Patienten a Mataarbechter sollen e Méindeg an en zweeten Test, fir op "Nummer sécher" goen.
