
Um kuerz no hallwer 3 e Sonndeg de Moie gouf an der Wäistrooss zu Rëmerschen en Accident mat Materialschued gemellt. Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffeur kuerz virdru wéinst sengem Fuerverhalen opgefall. Nom Accident sinn dunn 2 Persounen aus dem Auto geklommen a si vun der Plaz fortgelaf.
Wéi gemellt gouf, sinn déi 2 Persounen dunn op d'Tankstell zu Rëmerschen gelaf, fir do vun 2 Autoen ofgeholl ze ginn, déi a Frankräich ugemellt waren. Eng Police-Patrull hat sech direkt a Richtung Tankstell gemaach a konnt een Auto unhalen, deen mat héijer Vitess a Richtung A13 flüchte wollt. An deem Auto souz dann och déi Persoun, déi mam Auto géint d'Fassad gerannt ass. Den Alkoholtest vun him war positiv, de Permis gouf agezunn. De Virfall gouf protokolléiert.