De Camion, dee schwéier belueden ass, huet e Méindeg de Moie kuerz virun 12 Auer op der N7, op der Héicht vum Rouscht, rietser Hand de Summerwee geroden, direkt laanscht d'Leitplank. De Camion ass wuel duerch d'Gewiicht méi déif do an de Buedem agesackt a schliisslech no riets gekippt. De Camionschauffer hat nawell Chance, well d'Leitplank dofir gesuergt huet, dass de Camion net ganz op d'Säit gefall ass, respektiv sech souguer den Hiwwel erof iwwerschloen huet.
Fir de Camion erauszekréien, huet d'Strooss musse fir den Trafic gespaart ginn. Um 13.39 Auer koum d'Entwarnung vun der Police, dass d'Strooss nees op wier.