
D'Strooss tëscht Hesper a Conter war tëschenzäitlech blockéiert.
E weideren Accident gouf et dann nach géint 10 Auer op der N7 um Rouscht. Hei sinn an der Route de Luxembourg een Auto an ee Minibus net laanschtenee komm. Zwou Persoune sinn RTL-Informatiounen no blesséiert ginn an och hei war d'Strooss tëschenzäitlech fir d'Rettungs- an Opraumaarbechten zou.