A13Accident mat e puer Gefierer wéinst dem ville Reen

RTL Lëtzebuerg
Beim Accident en Dënschdeg de Mëtteg goufen éischten Informatiounen no 3 Persoune liicht blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

En Dënschdeg koum et op der A13 a Richtung Péiteng tëscht Fréiseng an Helleng zu engem Accident mat 5 Gefierer. Op Grond vum ville Reen op der Autobunn war et zum Accident komm. Éischten Informatiounen no goufen dräi Persoune liicht blesséiert.

D'Autobunn hat wéinst dem Accident misste fir de Verkéier gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO