
Dozou gouf en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht e Mann verurteelt wéinst engem Accident mat déidleche Suitten, am Mee 2018, tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff. Donieft gouf eng Expertise ordonéiert, fir de Schued vu 4 Parties civilë festzestellen.
De Mann war deemools mëttes mat sengem Auto op déi aner Stroossesäit geroden an an d'Gefier vum spéideren Affer gerannt. An deem Won waren 3 Leit verwonnt ginn. Beim Affer war et an den Deeg nom Accident zu uerge Komplikatioune komm an zum Versoe vun e puer Organer, soudass de Mann 5 Deeg drop am Alter vun 78 Joer verscheet war.