
Sou zum Beispill um Boulevard Prince Henri an der Uewerstad, wou en Täter enger Fra d’Akafsposch geklaut huet an duerno op engem E-Roller geflücht ass. Eng Sich no him hat bis ewell kee Succès.
E weideren Déifstall gouf et och am Nomëtteg op der Héicht vun der Stäreplaz an der Stad, wou eng Persoun vun zwee Männer ugeschwat gouf. Nodeems ee vun hinnen d’Affer vun hanne gestouss huet, huet dës gemierkt, datt hir Halskette fort war.
Zu Abréch koum et zu Diddeleng a Beetebuerg. Zu Diddeleng war an en Appartement an der Rue du Commerce agebrach ginn, wou onbekannt Boergeld a Bijoue geklaut hunn. En Dënschdegowend war et dann e weideren Abroch an en Appartement an der Rue du Nord zu Beetebuerg. Hei sinn eng Rei Schief duerchwullt ginn.
D’Police huet a béide Fäll Enquêten an d’Weeër geleet a verweist an hirem Bulletin nach emol op eng Rei Tuyauen, fir sech géint Abréch ze schützen.