Luxair reagéiert op Streik a Spuenien"Nach heutigem Stand können die allermeisten Flüge stattfinden"

RTL Lëtzebuerg
An der Ouschtervakanz fléien eng 12.000 Passagéier um éischte Weekend vu Lëtzebuerg aus an d'Vakanz. A Spuenien wëll d'Buedempersonal streiken. 
© Christophe Hochard

Vum 27. Mäerz bis de 6. Abrëll hunn eng Rei spuenesch Gewerkschaften d’Buedempersonal zu Streiken opgeruff. Och d’Luxair mellt sech zu Wuert. Et kéint den Ament net ausgeschloss ginn, datt sech d’Streike vun e Freideg un och op de Fluchverkéier auswierken. Verspéidungen oder annuléiert Flich wiere méiglech, huet dat auswäertegt Amt an Däitschland matgedeelt.

Fir Lëtzebuerg huet d’Luxair huet en Donneschdeg gemellt, datt een d’Situatioun ganz genee géif suivéieren an datt een déi néideg Schrëtt géif huelen, fir Stéierungen am Fluchverkéier méiglechst ze evitéieren. Baséierend op aktuelle Pläng géif d’Luxair net erwaarden, datt d’Flich op Barcelona, Palma de Mallorca, Las Palmas (Gran Canaria) an Teneriffa géifen ausfalen, ma Verspéidunge wiere méiglech. Flich op aner Luxair-Destinatiounen a Spuenien géife wuel net impaktéiert ginn.

“Wir erwarten Möglichkeiten einer Verspätung die vorkommen kann. Zum Beispiel in Palma, Barcelona oder Las Palmas (Fluchhafe vu Gran Canaria) auch in Teneriffa. So wie sich das heute darstellt reden wir von Verspätungen. Wir raten unseren Kunden rechtzeitig am Flughafen zu sein”, sou de kommerzielle Luxair-Direkter Thomas Fischer am RTL-Interview.

D’Luxair géif betraffe Clienten am Fall vu Stéierungen direkt kontaktéieren. Passagéier, déi a Spuenien vu Fluchhafe fortfléien, op deene gestreikt gëtt, sollen op d’mannst dräi Stonne virum Fluch do sinn, well et wuel zu méi laange Waardezäite wäert kommen.

Dem aktuelle Stand no géing et keng Annulatioune ginn
Den Thomas Fischer erkläert, wéi sech an esou Fäll international koordinéiert gëtt.

Wat geschitt, wann e Vol misst annuléiert ginn”?

“Wir haben natürlich auch Szenarien dafür. Est ist nicht die erste Streiksituation. Wir sind im Luftverkehr, da leben wir schon seit Jahrzehnten mit Streiks. In diesem Fall ist es so, dass wir versuchen werden alle Flüge durchzuführen. Nach aktuellem Stand wird das auch der Fall sein”, betount de kommerziellen Direkter vun der Luxair.

Clientë sollen och am Fall vun Annulatioun un hir Destinatioun kommen
Och wann et net dono ausgesäit, géing d’Luxair bei enger Annulatioun alles dru setzen, hir Clientë sou séier wéi méiglech op hir Destinatioun ze bréngen.

“Wir haben ein Team zusammengestellt von mehr als 12 Leuten, die seit Tagen damit beschäftigt sind Beeinträchtigungen, sollten die denn eintreffen, so gering wie möglich für unsere Kunden zu halten”, sou nach den Thomas Fischer am Interview wärend dem RTL-Journal.

De ganzen Interview mam Thomas Fischer:

A Spuenien streikt d'Fluchhafe-Buedempersonal - Luxair mellt sech zu Wuert
Vum 27. Mäerz bis de 6. Abrëll hunn eng Rei spuenesch Gewerkschaften d’Buedempersonal zu Streiken opgeruff. Och d’Luxair mellt sech zu Wuert.

Back to Top
CIM LOGO