Technesch Pann bei der ADEM900 Demandeurs d'emploi kruten am Januar hir Indemnitéiten net

RTL Lëtzebuerg
Eng parlamentaresch Fro vum Djuna Bernard un den Aarbechtsminister huet eng Problematik bei der ADEM opgegraff.
© Domingos Oliveira

Am Januar kruten 900 Demandeurs d’emploi hir Indemnitéiten net mat Zäiten. Hannergrond war eng informatesch Pann beim Aarbechtsamt no der Installatioun vun engem neie System, mat deem d’Demanden automatesch traitéiert ginn.

An den éischte Wochen no der Ëmstellung gouf et effektiv bei verschiddenen Dossiere Problemer. D’Situatioun hätt sech awer stabiliséiert. Aktuell wieren nach eng 246 Demanden, déi méi al wéi ee Mount sinn, net traitéiert ginn. Woubäi do a méi wéi 100 Fäll nach op Dokumenter vun den Demandeure gewaart gëtt.

Och d’Frequenz vun de Payementer wier erhéicht ginn an de System géing weider adaptéiert ginn. Dat äntwert den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz der grénger Deputéiert Djuna Bernard, déi via Question parlementaire Detailer wollt wëssen.

Back to Top
CIM LOGO