
A Kooperatioun tëscht der Lëtzebuerger an der Franséischer Douane goufen am Laf vun der leschter Woch 88 Kilogramm Kokain am Cargo Center zu Lëtzebuerg saiséiert. D’Droge ginn op ronn 4,4 Milliounen Euro geschat. De Parquet betount an dem Kontext, datt den Drogenhandel ee vun de wichtegste Facteure vum organiséierte Verbriechen ass, well en erhieflech illegal Geldzomme generéiert an d’Entwécklung vun anere Forme vu Kriminalitéit fërdert.
D’Erkenntnisser, déi an dësem Fall gesammelt goufen, géingen dem Parquet no déi typesch Charakteristike vun der organiséierter Kriminalitéit weisen. D’Quantitéit vun de saiséierten Drogen, d’Notze vun internationalen Transportweeër an déi offensichtlech Strukturéierung vun den Operatioune géinge beleeën, datt et en organiséiert Netzwierk gëtt.
D’Saisie géing iwwerdeem weisen, wéi gutt déi Lëtzebuerger an déi franséisch Beamte matenee schaffen. Duerch d’Qualitéit vum Informatiounsaustausch an d’Reaktivitéit vun de bedeelegten Autoritéite wier et deemno gelongen, den Drogenhandel opzedecken an Informatiounen iwwer d’Organisatioun an de Fonctionnement vum Reseau ze gewannen.
Duerch déi verstäerkt Kooperatioun wier et ausserdeem gelongen, véier Leit am Kader vum illegalen Drogenhandel op franséischem Staatsgebitt festzehuelen. Dräi vun hinne sëtzen an Untersuchungshaft. D’Festname sinn dem Parquet no e wichtege Schrëtt beim Zerschloe vum Netzwierk.
D’Ermëttlunge lafen a Frankräich ënnert der Leedung vun engem Untersuchungsriichter zu Paräis weider. Zil wier et, de ganze Reseau opzedecken, de Fonctionnement ze verstoen an déi Responsabel vun alle bedeelegten Acteuren z’ermëttelen.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.