Cluster am CHL8 Persoune positiv op Covid-19 getest

RTL Lëtzebuerg
Am CHL gëtt et eng Rei Covid-19 Infektiounen am Service vun der Traumatologie an der Chirurgie vasculaire.

3 Membere vum Personal a 5 Patiente goufe positiv getest.
Dës Infektioune goufen duerch de Contact Tracing, gekoppelt un e Covid-Test, festgestallt.

Déi betraffe Persoune goufen isoléiert.

D'Patienten an d'Personal ginn elo eng zweete Kéier getest. Bis en negatiivt Resultat virläit ginn an deem betraffene Service keng Patiente méi opgeholl.

Urgencë ginn an engem anere Service vum Centre Hospitalier behandelt.

3 Fäll vu Corona an der Orthodpedie vun den Hôpitaux Robert Schuman

Betraff sinn hei 2 Patienten an ee Mataarbechter.

An den Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg goufen et en Dënschdeg 3 Fäll vu Covid-19. D'Unitéit 5A vun der Orthopedie gouf dowéinst zougemaach, seet den Dokter Claude Schummer, de Generaldirekter am RTL-Interview.

"Op der Statioun 5A, dat heescht d'Orthopedie, do sinn zwee Patienten an ee Mataarbechter positiv getest ginn, haut. Mir hunn déi Statioun temporär zougemaach. dat heescht temporär gi keng nei Patienten opgeholl. Mir hunn awer all preventiv Virsiichtsmoossname geholl. De Rescht vun der Klinick leeft normal. Et gëtt keng Ursaach soss net an d'Klinick ze kommen."

De Claude Schummer präziséiert nach, datt déi zwee Patienten negativ getest goufen, wéi se hospitaliséiert goufen. Dat bedeit allerdéngs net, datt se sech am Spidol mussen ugestach hunn, betount de Generaldirekter.

5 Operatioune goufe fir dës Woch ofgesot.

PDF: Schreiwes vum Centre Hospitalier de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO