Coronavirus zu Lëtzebuerg66 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer geet op 69 erop

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 geklommen ass.
© RTL-Grafik

D'Altersmediane läit bei 84 Joer. Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 66 positiv geteste Patienten zënter en Dënschdeg. Dat sinn der elo am Ganzen 3.373.

© Statec

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 30.723 Tester gemaach. Bannent de leschte 24 Stonne waren et der 1.200 an dovunner waren der nëmme 66 positiv.

Aktuell sinn 191 Patienten hospitaliséiert, 33 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 526 Mënschen d'Spidol nees verloossen. An de leschte 24 Stonne waren et der 40.

Back to Top
CIM LOGO