CGDIS6 Blesséierter bei 6 Accidenter um Freideg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Um 11.40 Auer war et tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Stafelter eng Kollisioun vun 2 Autoen. Heibäi ass eng Persoun verwonnt ginn.
© Jeannot Ries

Um 13.47 Auer war et zu Räichel an der Rue de Redange ee Verkéiersaccident, bei deem eng Persoun blesséiert gouf, sou de Bulletin vum CGDIS.

Tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen ass um 15.02 Auer ee Motocyclist gefall. Derbäi ass eng Persoun verwonnt ginn.

Um 15.09 Auer krute sech op der N6 tëscht dem Wandhaff a Stengefort 2 Autoen ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Zu Kënzeg an der Rue de Bascharage ass et um 16. 13 Auer och zu engem Verkéiersaccident komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 16.28 Auer war et um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch nach esou een Tëschefall am Trafic. Och hei gouf et eng blesséiert Persoun.

Back to Top
CIM LOGO