
Zu enger Prisongsstrof vun annerhallwem Joer gouf en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht e Mann vu 45 Joer verurteelt, dee sech ënnert anerem wéinst Coups et blessures volontaires ze veräntweren hat. Hien hat de Prozess gemaach kritt wéinst engem Besuch am Mäerz zejoert um Steierbüro zu Klierf, bei deem de Mann um Enn „Allahu akbar" gejaut hat.
Wéinst der Aggressioun vun engem Aarbechtskolleeg zu Ëlwen am Mäerz 2017: Dee Mann krut Schuedenersatz an Héicht vun 1.000 Euro zougesprach.