Den CGDIS mellt4 Blesséierter bei Accident tëscht dem Briddel an dem Rollengergronn

RTL Lëtzebuerg
Géint 15.15 Auer war et um Freiden am Nomëtteg op der RN12 zur Kollisioun komm.
© Laurent Weber

Zwee Gefierer waren an den Accident verwéckelt. Op der Plaz waren d’Pompjeeën, d’Ambulanz an de Samu aus der Stad, grad esou wéi d’Ambulanz vu Mamer.

Géint 11.15 Auer hat am Beräich vun der Bleesbréck eng Hütt gebrannt. Am Asaz waren do d’Pompjeeë vun Angelduerf, aus der Nordstad a vun Tandel, nieft der Ambulanz Nordstad. Blesséierter sinn hei keng gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO