An der Nuecht op e Mëttwoch koum et géint 2 Auer op der A6 op der Héicht vu Stengefort a Richtung Belsch zu engem déidlechen Accident. Éischten Informatiounen no waren zwee Autoen an den Accident verwéckelt. Fir ee Chauffer vu 37 Joer koum all Hëllef ze spéit, hien ass nach op der Plaz gestuerwen, wéi d’Police matdeelt.
Beim zweete Chauffer war den Alkoholtest positiv verlaf. Dësen huet beim Accident “keng schwéier Blessuren” dovu gedroen, wéi d’Police preziséiert.
De Miess- an Erkennungsdéngscht ass op der Plaz, fir d’Ursaach vum Accident z’ermëttelen. De Parquet huet eng Autopsie ugefrot.
D’Autobunn a Richtung Arel ass kuerz virun 9.30 Auer nees fir den Trafic opgaangen, allerdéngs bleift d’Vitess bis op Weideres bei 70 Kilometer an der Stonn.
Am Laf vum Mëttwochmoien huet d’Police dann en Zeienopruff fir den déidlechen Accident op der A6 erausginn. Wéi d’Police preziséiert, soll e weideren Auto déi zwee accidentéiert Autoe kuerz virum Accident iwwerholl hunn.
Dëse Chauffer souwéi aner Zeien, déi Informatiounen zum Accident hunn, si gebieden, sech bei der Police vu Kapellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.