
En neit Gebai fir d'Policeschoul um Verluerekascht, d'Renaturéierung vun der Péitruss oder och e groussen ënnerierdeschen Parking op der Gare fir Vëloen – dat sinn nëmmen e puer vun de 34 groussen Infrastrukturprojeten, déi vum Staat finanzéiert ginn an ëm déi et an enger Orientéierungsdebatt an der Chamber goung.
Eng grouss Prioritéit wier nach ëmmer d'Mobilitéit, huet de gréngen Deputéierten a Rapporter Carlo Back ënnerstrach. Op der Areler Autobunn soll dowéinst och op Lëtzebuerger Säit d'Bande de co-voiturage analyséiert a virbereet ginn. Dofir wieren awer eng ganz Partie Adaptatiounen néideg:
D'Modulatioun vun der Vitess, d'Accèsen op d'Autobunn musse reguléiert ginn. Begrenzungsméiglechkeete fir d'Benotze vun der Bande d'arrêt d'urgence fir co-voiturage nëmmen wärend de Spëtzestonnen, Upassunge vum Code de la route an natierlech den Aménagement vun neien Nouthaltbuchten op engem Ofstand vu 500 bis 1.000 Meter, fir déi Zäit, wou d'Pannespuer fir de Co-Voiturage op ass.
Geplangt ass donieft de Bau vum Sportslycée zu Mamer, eng europäesch Primärschoul zu Jonglënster, d'Renovatioun vun der zweeter Rotonde op der Gare, oder nach eng nei Structure d'accueil fir demandeurs de protection internationale op der Areler Strooss. Alles Projeten, déi eenzel méi wéi 10 Milliounen Euro wäerte kaschten. Den CSV-Deputéierten Aly Kaes huet no méi detailléierten Chifferen gefrot:
Tëscht 10 an 39 Milliounen, well bei 40 muss ee jo e Gesetz maachen, ass awer eng enorm Spann. An et wier vläicht gutt, wann een an Zukunft eng eenegermoossen Gréissenuerdnung vun de verschiddene Projeten kéint kréien.
Dem Infrastrukturminister François Bausch no wier dat awer à ce stade net méiglech, well déi Projeten bis ewell just Iddien op engem Blat wieren a se elo eréischt am Detail analyséiert géife ginn.
Méi wéi emol gouf um Krautmaart betount, datt de Finanzement vun dësen Infrastrukture bedéngt duerch d'Corona-Kris nach emol muss op de Leescht geholl ginn. Den DP-Deputéierten Claude Lamberty:
An déi eenzel Projeten, déi haut hei diskutéiert ginn, wäerte kaum einfach esou 1 zu 1 kënnen ëmgesat ginn, wéi dat u sech an enger Avant-Corona-Zäit geplangt wär.
Eng Motioun mat all de groussen Infrastrukturprojeten gouf um Enn ugeholl. Just d'Piraten hate sech beim Vott enthalen.