
Eréischt en Dënschdeg war jo den éischte franséische Patient vun Ettelbréck nees zeréck an de Grand-Est geflu ginn. Esou konnt de geheelte Patient nees zu Colmar bei senger Famill sinn.
RTL-News: 1. Patient aus dem Grand-Est gouf zeréck a Frankräich geflunnEn Dënschdeg gouf et awer nach e weidert Rapatriement. Do war nämlech ee Fliger vun der Air Rescue am Asaz, wéi e Patient aus Éisträich a Frankräich geflu gouf.
E Mëttwoch sinn dann 3 weider där Missioune geplangt, 2 mam Jet an eng mam Helikopter. D'Fligere wäerten allkéiers zu Magdeburg starten, deen ee flitt op Metz, deen aneren op Saarbrécken. Den Transfert mam Helikopter wäert tëscht Mainz a Mulhouse sinn.