
3 Mol hunn d'Pompjeeë misse wéinst Bränn intervenéieren. Zu Ettelbréck an der Avenue J.F. Kennedy huet missen Dreck geläscht ginn. Zu Dol an der Duerfstrooss hat eng Maschinn gebrannt an zu Steesel an der Rue des Vergers war et en elektresche Kabel, dee Feier gefaangen hat.