
Donieft ginn net grad 25.000 Euro confisquéiert an d'Affer krut och nach de symboleschen Euro zougesprach. Dem Dan Da Mota war Abus de faiblesse géintiwwer engem Affer vun haut 91 Joer virgehäit ginn. Tëscht Januar 2016 a Mee 2018 sollt den Offensivspiller vum Racing un eppes méi wéi 165.000 Euro vun der Fra komm sinn.