Police2 Brigangen no Iwwerfall am Garer Quartier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht ass e Mann am Garer Quartier vun 2 Onbekannten iwwerfall ginn, nodeems hie Suen op engem Bancomat opgehuewen hat.
© RTL Archivbild

D'Affer gouf an der Rue Chiny vun enger Persoun ofgelenkt an du vun hanne vun där zweeter Persoun ugegraff. D'Brigangen hu Sue geklaut an duerno nach versicht dem Affer d'Auer vum Handgelenk ze rappen, dat sech wiere konnt.

Béid Täter konnte kuerz drop am Garer Quartier ermëttelt a festgeholl ginn. Déi geklaute Suen, eng Gaspistoul, Pefferspray, sou wéi e puer Bullen Heroin a Kokain konnte séchergestallt ginn. Um Policebüro huet ee vun de Männer rebelléiert an huet missen immobiliséiert ginn. Dat Ganzt gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO