
Virun zwee Deeg dann goufe bei enger Verkéierskontroll zu Féiz 16 Avertissements taxés ausgestallt. D’Police hat e Freiden tëschent 16.30 a 17.30 Auer an der Rue du Brill zu Féiz eng gréisser Kontroll gemaach mat Fokus op de Sécherheetsgurt an den Handy um Steier.
Dobäi goufe 16 Chauffere mam Handy erwëscht. Dat si 4 Punkten an 250 Euro. Een Automobilist huet 2 Punkten a 145 Euro gelooss, well eng mannerjäreg Persoun u Bord kee Gurt un hat. 24 Euro huet ee Chauffer misse bezuelen, dee kee gültege Permis bei sech hat.