Luc Frieden op Visitt an der Ukrain"Wann d'Ukrainer net gewannen, da kann dat hei op anere Plaze geschéien"

AFP
RTL Lëtzebuerg
Fir de 35. Onofhängegkeetsdag vun der Ukrain beroden d'Partner vu Kiew e Méindeg iwwert déi weider Ënnerstëtzung vum Land am Krich géint Russland. Och de Premier Luc Frieden war op der Plaz.

Fir déi weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain huet sech e Méindeg déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllege beroden. Ënnert anerem de Lëtzebuergesche Premier Luc Frieden war dofir op Kiew gereest. De brittesche Premier Andy Burnham huet seng éischt Auslandsrees an d'Krichsland gemaach. Den däitsche Kanzler Friedrich Merz an de franséische President Emmanuel Macron ware per Videokonferenz bäigeschalt. Och Staatsvertrieder aus Moldawien, Estland an den EU-Rotspresident António Costa waren op Kiew gereest.

"Am Moment ass d'Situatioun fir eis all wierklech ganz schwéier", esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an enger Ried. Hien huet seng Alliéiert dozou opgeruff, der Ukrain "alles ze ginn, wat se braucht, fir dëse Krich op een Enn ze bréngen." Russland gräift d'Ukrain zanter dem Ufank vum Krich am Februar 2022 bal all Dag mat Dronen a Rakéiten un. Leschte Mount war der UN no den déidlechste fir Zivilisten an der Ukrain zanter Mee 2022.

Luc Frieden zu Kiew: "D'Grenze kënnen net duerch Gewalt geännert ginn"
De Lëtzebuerger Premier huet der Ukrain weider Support zougeséchert a warnt, datt esou e Krich och op anere Plaze geschéie kann, wann d'Ukrainer net gewannen.

D'Visitt vum Kierfecht zu Kiew wier "enorm beandrockend an emotional" gewiescht, esou de Lëtzebuerger Premier an der ukrainescher Haaptstad. Wann een um Kierfecht géing gesinn, wéi vill jonk Zaldote stierwen, déi "fir eis Fräiheet" kämpfen, géing ee realiséieren, "datt Fräiheet an Onofhängegkeet ni ka garantéiert sinn".

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) an de brittesche Premier Andy Burnham, déi zesumme mam franséische President Emmanuel Macron déi sougenannte "Koalitioun vun de Wëllegen" uféieren, hunn der Ukrain weider Ënnerstëtzung zougeséchert. D'EU huet weider Milliarde fir d'Krichsland fräiginn.

Beim Treffen e Méindeg stounge weider Sanktioune géint Russland op mer Dagesuerdnung souwéi Sécherheetsgarantië fir Kiew, wéi et aus dem Elysée geheescht huet.

De Luc Frieden garantéiert der Ukrain iwwerdeem, datt Lëtzebuerg "op hirer Säit" steet. "D'Grenze kënnen net duerch Gewalt geännert ginn. Dat, wat d'Russen hei an der Ukrain maachen, dat ass dat, wat d'Nazien 1940 zu Lëtzebuerg versicht hunn. A wann d'Ukrainer net gewannen, da kann dat hei op anere Plaze geschéien. Dofir hunn ech den Ukrainer Merci gesot, fir hiren Asaz, fir hir Iwwerzeegung ze kämpfe fir Fräiheet a Gerechtegkeet."

Och den däitsche Kanzler Merz huet seng Ënnerstëtzung zougeséchert. "Mir sti fest un der Säit vun der Ukrain", sot hien an engem Video, deen hien um Onlinedéngscht X publizéiert huet. D'Ukrainer verdeedegen "mat beandrockendem Courage" zanter Joren "d'Onofhängegkeet vun hirem Land géint de brutale russeschen Ugrëffskrich". "Si weisen "domat der ganzer Welt, wat et heescht, fir Fräiheet a fir ee gerechte Fridden anzestoen", sou nach de Merz.

Schreiwes vum Staatsministère

D'Lëtzebuerger Delegatioun ass iwwregens en Dënschdeg de Moie géint 8 Auer nees a Polen ukomm.

Nei EU-Finanzsprëtz fir d'Ukrain

D'EU huet weider 6,1 Milliarden Euro aus hirem 90-Milliarden-Euro-Fong fir d'Ukrain fräiginn. D'Sue wiere fir Loftofwiersystemer, Lenkwaffen, Munitioun a Radarsystemer, huet d'EU-Kommissioun matgedeelt. "Um ukraineschen Onofhängegkeetsdag weise mir eis komplett Ënnerstëtzung", huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen erkläert.

Den 90-Milliarden-Euro-Kredit fir Kiew gesäit eng 60 Milliarden Euro Militärhëllef vir. Virun der elo annoncéierter Tranche vu 6,1 Milliarden Euro ware scho 16 Milliarden Euro bewëllegt ginn, vun deenen 8,5 Milliarden Euro schonn ausbezuelt goufen. D'Verdeedegung vun der Ukrain misst am Hibléck op déi 376 russesch Rakéitenugrëff eleng am Juli "dréngend" gestäerkt ginn, huet d'EU-Kommissioun erkläert.

Neie brittesche Premier weist Support

Et gouf erwaart, datt de brittesche Premier Burnham e Méindeg d'Zoustëmmung vu senger Regierung wäert bekannt ginn, datt den europäesche Rëschtungskonzern MBDA geheim Informatiounen zu brittesche Komponenten an de Storm-Shadow-Rakéite weider däerf ginn. Déi sougenannte "Marschfluchkierper" ginn a Frankräich Scalp genannt. "Dës Decisioun wäert et de Fransousen an den Ukrainer erméiglechen, d'Montagë vun dëse Fluchkierper an der Ukrain no vir ze bréngen", esou déi brittesch Regierung.

Moskau huet de Schrëtt verurteelt. "Groussbritannien schëtt systematesch a reegelméisseg Ueleg an d'Feier an heckt systematesch a reegelméisseg Intrigen aus, fir souguer de klengste Fortschrëtt vum Friddensprozess ze verhënneren", esou de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow. Russland géif d'Produktiounsplazen an der Ukrain an d'Viséier huelen an "zerstéieren".

De Burnham huet sech bei sengem Besuch zu Kiew vun de Menacen aus Moskau onbeandrockt gewisen. "Trotz de schlëmme Menacë vu Russland mengem Land géigeniwwer wäerte mir eis Ënnerstëtzung fir d'Verdeedegung vun der Ukrain weiderféieren", esou de brittesche Premier.

Back to Top
CIM LOGO