
D'EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola verlaangt, dass ee Kontrollgremium vum Parlament ënnersicht, ob de Lëtzebuerger Europadeputéierte Fernand Kartheiser - oder een aner Deputéierten - géint d'Verhalensreegele vum Parlament verstouss hätt. Dat nodeem den ADR-Politiker Ugangs Juni beim Wirtschaftsforum vu St. Petersburg dobäi war.
De Fernand Kartheiser gëtt jo scho méi laang wéinst senger russlandfrëndlecher Haltung kritiséiert an ass dowéinst aus senger fréierer Fraktioun zu Stroossbuerg ausgeschloss ginn. Hie reagéiert en Dënschdeg an engem Communiqué mat Erstaunen op de Bréif vun der Madame Metsola, deen hie réischt gesinn hätt, nodeem hie vu Pressevertrieder drop ugeschwat gouf.
Seng Positioun zum Ëmgang mat Russland wier zanter 2025 bekannt. Hie géif net verstoen, firwat d'Parlament zu dësem Ament op des Manéier virgeet, iwwerdeems op europäeschem an nationalen Niveauen erëm den Dialog mat Russland géif gesicht ginn.