Sanktioune géint Lëtzebuerger EU-Deputéierten?Roberta Metsola reagéiert op eventuellt Feelverhale vum Fernand Kartheiser

Céline Eischen
Den ADR-Politiker an EU-Deputéierte war ugangs des Mounts zu Sankt Petersburg um Wirtschaftsforum an hat Echangë mat Deputéierte vun der Duma.

D'EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola huet op enger Pressekonferenz am Kader vum EU-Sommet zu Bréissel op e méiglecht Feelverhale vun EU-Deputéierte reagéiert, dorënner och de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser, wéinst senge Reesen a Russland a senge Lienen zum russesche Parlament. De Fernand Kartheiser war ugangs dës Mounts um Wirtschaftsforum zu Sankt Petersburg an huet och Echangë mat Vertrieder vun der Duma gehat.

Si wéilt Bréiwer, déi net public sinn, net kommentéieren, esou déi europäesch Parlamentspresidentin Metsola, wéi si op ee méiglecht Feelverhale vum Lëtzebuerger EU-Deputéierte vun der ADR, dem Fernand Kartheiser, ugeschwat ginn ass. An engem Bréif soll d'Politikerin jo d'Aschalte vun engem Kontrollgremium verlaangt hunn, fir ze ënnersichen, ob gewëssen Deputéierte géint Verhalensreegele vum Europäesche Parlament verstoussen.

Ouni dem Fernand Kartheiser säin Numm explizitt ze nennen, huet d'Roberta Metsola drun erënnert, datt d'EU-Parlament 2014 all interparlamentaresch Liene mat der russescher Duma an der Suite vun der Annexioun vun der Hallef-Insel Krim ofgebrach huet. Dofir missten Aktiounen, déi géint dat institutionellt Mandat vum EU-Parlament verstoussen, verhënnert ginn. Dat och, well se fir Konfusioune kéinte suergen, esou nach d'Roberta Metsola.

Back to Top
CIM LOGO